Sängerfreed

D'Chorale Municipale "Sängerfreed" Beetebuerg, gegrënnt am Joer 1920 als Männergesangveräin, ass am Joer 1945, ënnert dem Impuls vun eisem deemoolegen Dirigent, dem Här Jos Kinzé, als gemëschte Chouer bei der UGDA gemellt ginn.

Schonn Ausgangs den 20er bis Mëtt 50er Joere goufe vun eise Memberen, niewent dem Gesank, och Theaterstécker gespillt.

Eise Repertoire besteet nët nëmmen aus welt- lecher Musek, mee e groussen Deel vun eisen Erfolleger kommen duerch Concerten mat Kierchemusek.

Dofir versicht eis Chorale, mat ongeféier 85 aktive Sängerinnen a Sänger am Alter tëschent 17 an 82 Joer, zesumme mat eiser Dirigentin, der Madame Nancy Back-Kelsen, all Joer e weltlechen wéi och e kierchleche Concert opzeféieren.

Et ass keng musikalesch oder gesanglech Ausbil- dung verlaangt, fir bei eis matmachen ze kënnen.

Hutt Dir Freed mam Gesank a sicht Dir en interessanten a flotten Hobby?

Sidd Dir gären a Gesellschaft?

Da si Dir ëmmer bei eis wëllkomm!

D'Prouwe sinn ëmmer Mettwochs vun 19.45 Auer bis 21.45 Auer an eisem Gesangssall am Centre Sportif 1 zu Beetebuerg.






D'Gewënner op den Entreesbilljeeën
vum Fuesbal vum 03. Mäerz 2012 sin:



10 € : 166, 213, 287, 330, 428,
492, 558, 680, 874, 938

20 € : 123, 633, 796, 835, 971
40 € : 049, 071, 366, 503, 705

D'Gewënner solle sech w.e.g. bis den
30. Abrëll 2012 iwert de Link Kontakt mellen.

Les gagnants du tirage des billets d'entrée sont priés de prendre contact par le lien Kontakt avant le 30 avril 2012.

Nächst Manifestatioun:

15. Juni 2012
20:00

Schlassconcert
Schlass Beetebuerg

Ganze Programm


News

08.03.12

D'Gewënner vum Fuesbal kënnt der elei fannen!

06.07.11




Fotoen vun eisem Schlassconcert bei RTL



05.04.11

The Queen Symphony


de Flyer

Informatiounen INECC Lorraine


lauschtert eis um Radio 100,7
an der Emissioun "Rendezvous um Kiosk" vum 10.03.2011

kuckt eis op youtube

an d'Solistin op der Gei

liest an der Presse

Fotoen Luxembourg 26/03/2011

Fotoen Thionville 27/03/2011

voir sur France 3 JT du 4.4.2011 à 18:50

Zu Metz am Arsenal Fotoen vum Manon Hennico

12.01.10

FOTOQUIZ

Eis Chorale freet är Matthellef!

Wie kennt Leit op der Foto vum "Männergesangverein Bettemburg 1935"?

(Collection: Paul Oé)

Ausflug op Rüdesheim den 18. August 1935dl

27.10.09

AUDIO MP3

Sanctus - Pastoralmesse G-Dur op.24 Karl Kempter vun eis gesongen.

Sanctus lauschteren


Copyright © 2004-2012 Chorale Municipale Sängerfreed Asbl | Login
Counter: 79516 - grad Online: 1