En Owend zu Éiere vum Michel Schaack

Wann:
29/04/2025 um 19:30 – 21:00
2025-04-29T19:30:00+02:00
2025-04-29T21:00:00+02:00
Wo:
Château de Bettembourg
13 Rue du Château
3217 Bettembourg

D’Chorale Municipale Sängerfreed Beetebuerg an d’Niños de la Tierra
invitéieren op

En Owend zu Éiere vum Michel Schaack

Een Owend am Zeeche vum Michel Schaack, deen eis am Mee 2024 verloss huet. Een Hommage un de Michel a seng aussergewéinlech Liewensgeschicht, déi vill vun eis inspiréiert huet.

Seng (Veräins-)Kolleegen a Partner erzielen aus dem Michel sengem Liewen, dat duerch Solidaritéit an Asaz fir seng Matmënsche geprägt war. Mir erënneren eis un e Mënsch, deem säin Häerz fir d’Gemeinschaft geschloen huet an deen ëmmer bereet war, aneren ze hëllefen.

Natierlech gëtt och musizéiert an aus senge Publikatioune gelies, déi säin Engagement a seng Passioun erëmspigelen.

Commune de Bettembourg

… weider Informatiounen LiteraTour ….

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert