Calendar

Jan.
17
Fr.
Grënnungsdag virun 100 Joer @ Schlass Beetebuerg
Jan. 17 um 19:30 – 22:30

Grousst Fest mat alle Memberen a fréiere Memberen am Schlass zu Beetebuerg

Apr.
27
Di.
Liesowend am Schlass
Apr. 27 um 19:30 – 21:30

Liesowend am Schlass zu Beetebuerg

Virstellung vun neie Bicher vun den Auteuren:

    • Jean Back,
    • Fernand Huberty
    • a Michel Schaack

Gesongen ginn op der Liesung:
Den Hexemeschter Mumm Séiss – Solist: Jemp Gangler
Heiert am Bësch, an de Blieder Op der Juocht – Solist: Joëlle Czaïka-Thiel
Dee freie geet sief gutt gekleed Scholdschäin – Solist: Jean-Marie Laures
T’si vill schéi Rousen Op der Juocht – Solist: Rudy Horsmans
Dir meng léif Leit Scholdschein – Solist: Monique Biren-Kettel
Gëff mer eng Bees Scholdschäin – Solisten: Daisy a Jemp Gangler
An Amerika Edmond Lentz – All zesummen
Piano: Kevin Tamanini
Direktioun: Nancy Back-Kelsen
 

Juli
11
So.
Summerconcert am Park @ Parc Jacquinot
Juli 11 um 16:00 – 18:00

Concert am Parc Jacquinot

Kanner- a Jugendchouer Les Enfants de l’Alzette Bettembourg
Direktioun Sarah Palm – Piano Eneida Beshaj – Perkussioun Max Duchscher

Ensemble vocal Cantus Gaudium
Direktioun Nancy Back-Kelsen

Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg
Direktioun Nancy Back-Kelsen

E flotten Nomëtteg mat eise Sänger.
No dem Concert ass eng Quête fir «Beetebuerg Hëlleft».

Obligatoresch Umeldung *:
T/SMS: 691 45 96 26  –
Mail: christiane.hennico@gmail.com

* All d’Concerte si CovidCheck-Manifestatiounen. Deelt eis wgl. bei der Reservatioun mat, ob Dir Iech op der Plaz wëllt teste loossen.
* Tous les concerts sont des événements CovidCheck. Veuillez-nous informer lors de la réservation si vous souhaitez vous faire tester sur place.

flyer-programme-concert-jacquinotspark

Juli
18
So.
Mass fir dem Här Fernand Huberty säi 50. Priisterjubiläum @ Eglise décanale Bettembourg
Juli 18 um 09:30 – 10:30

D‘Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg séngt d’Mass fir dem Här Fernand Huberty säi 50. Priisterjubiläum. Hie gouf de 4. Juli 1971 zum Priister geweiht. Mir si frou eisem treien Tenorsänger därfen dës Mass ze verschéineren.