Um Concert Jubilaire vum 8. Dezember 2019 ënner dem Numm « 100 Joer Sängerfreed » huet d’Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg an der Dekanatskierch zu Beetebuerg mat Wierker vu J.S. Bach an G.F. Händel a mat Chrëschtlidder e groussaartege musikaleschen Concert presentéiert.
Enner der Leedung vun der Dirigentin Nancy Back-Kelsen huet d’Chorale, begleet vun engem fantasteschen Orchester Estro Armonico, an mat Hëllef vun de Solisten Gaby Wolter-Boever, Manou Walesch an Jean-Paul Majerus, all eis Auditeure begeeschtert. D’Kierch war bis op de leschte Stull besat.
1 Block vun 20 Timberen fir eis 100 Joerfeier kënnt Dir bei eis duerch eng Iwwerweisung vun 30€ an dem Vermierk Timbre + ären Numm op de Konto LU50 0020 0101 9625 7900 bei der BILLLULL bestellen.
D’Chorale Ste Cécile Beetebuerg ass gefrot ginn fir d’Mass zesumme mat der Chorale Sängerfreed ze sangen an déi ass mar Freideg den 30. August um 16.15 Auer zu Beetebuerg.
Fir ze prouwen treffe mir eis pünktlech um 15.30 Auer um Ducksall.
DE COMITÉ AN D’MEMBERE VUN DER CHORALE MUNICIPALE „SÄNGERFREED“ BETTEMBOURG
traueren ëm hire laangjärege Gesangskolleg
Fernand Weber
Éiremember zënter 2015
Mir soen him Merci fir seng Verdéngschter fir eis Chorale. Mir wäerten de Fernand ëmmer a beschter Erënnerung behalen. Senger Famill sprieche mir eist déifste Matge ll aus.
Mass fir den Här Fernand Weber ass den 29.01.19 um 16:45 zu Beetebuerg an der Kierch