Concert Jubilaire vum 8. Dezember 2019

Um Concert Jubilaire vum 8. Dezember 2019 ënner dem Numm « 100 Joer Sängerfreed » huet d’Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg an der Dekanatskierch zu Beetebuerg mat Wierker vu J.S. Bach an G.F. Händel a mat Chrëschtlidder e groussaartege musikaleschen Concert presentéiert.

Enner der Leedung vun der Dirigentin Nancy Back-Kelsen huet d’Chorale, begleet vun engem fantasteschen Orchester Estro Armonico, an mat Hëllef vun de Solisten Gaby Wolter-Boever, Manou Walesch an Jean-Paul Majerus, all eis Auditeure begeeschtert. D’Kierch war bis op de leschte Stull besat.

Mass fir den Här Lucien Freis

D’Chorale Ste Cécile Beetebuerg ass gefrot ginn fir d’Mass zesumme mat der Chorale Sängerfreed ze sangen an déi ass mar Freideg den 30. August um 16.15 Auer zu Beetebuerg.

Fir ze prouwen treffe mir eis pünktlech um 15.30 Auer um Ducksall.

Freis Lucien

DE COMITE AN D’MEMBERE
VUN DER CHORALE MUNICIPALE
“SÄNGERFREED” BETTEMBOURG

traueren ëm de

Lucien Freis

Mir soën dem Luss Merci fir séng Verdéngschter a fir säin Asaz fir eis Chorale.

De Freiden den 30 August sange mir ëm 16.15 zu Beetebuerg an der Kierch de Läichendéngscht fir eise verstuewene Kolleg.

Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.

Pütz-Jacobs Hélène


DE COMITE AN D’MEMBERE
VUN DER CHORALE MUNICIPALE
“SÄNGERFREED” BETTEMBOURG

traueren ëm d‘

Hélène Pütz-Jacobs

Giedel vun eisem neie Fändel
Comitésmember vun 1972-1998
Mir soën dem Hélène Merci fir séng Verdéngschter 
a fir säin Asaz fir eis Chorale.

Mir wäerten d‘Hélène ëmmer a beschter Erënnerung behalen. Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.

Fernand Weber

DE COMITÉ
AN D’MEMBERE
VUN DER
CHORALE MUNICIPALE „SÄNGERFREED“ BETTEMBOURG

traueren ëm hire laangjärege Gesangskolleg

Fernand Weber

Éiremember zënter 2015

Mir soen him Merci fir seng Verdéngschter fir eis Chorale.
Mir wäerten de Fernand ëmmer a beschter Erënnerung behalen.
Senger Famill sprieche mir eist déifste Matge ll aus.

Mass fir den Här Fernand Weber
ass den 29.01.19 um 16:45
zu Beetebuerg an der Kierch