Dirigenten

photo Alain Piron 2024

1996- Nancy Back-Kelsen
1993-1995 Aloyse Schaeffers
1974-1993 Jos Kinzé
1966-1974 Fernand Jung
1956-1966 Jos Kinzé
1952-1956 H.Pleger / J. Kirpach
1945-1952 Jos Kinzé
1930-1940 Mich. Hülsemann
1929 Warnimont / Hülsemann
1925-1928 Jean Jominet
1920-1925 Phil Warnimont

Nancy Back-Kelsen

Si ass zu Diddeleng gebuer a war ganz fréi mat der Musek a Kontakt. 

Mat 8 Joer war si scho Sängerin an der Chorale des Jeunes Filles (haut Chorale St.Martin) zu Diddeleng. Mat 17 Joer huet si d’Kannersektioun vun deem Chouer iwwerholl. 

Als Schülerin am  Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg  huet si ugefaange Solfège a Piano ze léieren an huet spéider  am Conservatoire zu Bréissel viru studéiert.

Vu 1976 u war si Schülerin an der  Direktiounsklass  vum Pierre Cao an huet dunn 1977  déi zwee Diddelenger Kierchechéier geleet, d’Chorale des Jeunes Filles grad ewéi och d‘Chorale Ste Cécile.

1979 huet si d’Chorale enfantine am Stater Conservatoire nees opgebaut an 10 Joer laang dirigéiert.

Si huet jorelaang an der Chorale mixte gesongen an huet 2002 bis zu hirer Pensioun 2020 Direktioun assuréiert. 

1996 huet si d‘Chorale municipale Sängerfreed vu Beetebuerg iwwerholl déi si zënter bal 30 Joer nach ëmmer mat vill Erfolleg dirigéiert.

2015 huet d‘Nancy de Männerensembel Cantus Gaudium matgegrënnt an ass bis haut och deem seng éischt Dirigentin. 

Hir Haaptwierker,déi si mat vill Freed a Kënnen dirigéiert huet, sinn ënner anerem de Requiem vum W.A. Mozart,de Requiem  vum G. Fauré,Der Stern von Bethlehem vum G. Rheinberger, Die letzten Dinge vum L.Spohr, d‘Carmina Burana vum C. Orff, d‘Misa Tango vum  Palmeri, d‘Misa criolla vum Ramirez an nach vill aner Wierker vu Mozart, Schubert a Rutter.

Nancy Back-Kelsen

Elle est née à Dudelange et est entrée en contact avec la musique dès son plus jeune âge.

A l’âge de 8 ans, elle a chanté à la Chorale des Jeunes Filles (aujourd’hui Chorale St. Martin) à Dudelange.
À l’âge de 17 ans, elle prend la tête de la section enfants de cette chorale.

Élève au Conservatoire de la Ville de Luxembourg, elle commence l’apprentissage du solfège et du piano et étudie ensuite au Conservatoire de Bruxelles.

A partir de 1976, elle est élève dans la classe de direction d’orchestre de Pierre Cao puis en 1977 elle dirige les deux chorales de l’église de Dudelange, la Chorale des Jeunes Filles ainsi que la Chorale Ste Cécile.

En 1979, elle rétablit la chorale d’enfants du Conservatoire de la Ville de Luxembourg et la dirigea pendant 10 ans.

Elle a chanté dans la chorale mixte du Conservatoire de la Ville de Luxembourg pendant de nombreuses années et en a été la directrice de 2002 jusqu’à sa retraite en 2020.

En 1996, elle reprend la Chorale municipale Sängerfreed de Bettembourg qu’elle dirige avec grand succès depuis près de 30 ans.

En 2015, Nancy a créé l’ensemble vocal Cantus Gaudium et en est toujours la première cheffe.

Parmi ses œuvres principales qu’elle a dirigées avec beaucoup de plaisir et de talent, on compte le Requiem de W.A. Mozart, le Requiem de G. Fauré, Der Stern von Bethlehem de G. Rheinberger, Die letzten Dinge de L. Spohr, les Carmina Burana de C. Orff, la Misa Tango de Palmeri, la Misa criolla de Ramirez et bien d’autres œuvres de Mozart, Schubert et Rutter.