Léif Sängerinnen a Sànger endlech ass et souwäit, mir fänken elo mol erëm u mat prouwen.
Mir fänken lues un well mer nach ëmmer mussen déi sanitär Regelen anhalen, d.h. 2 m Ofstand mat Mask.
Eng Opnaam vun eisem läschte Chrëschtconcert 2019
Aus dem Himmelssall (Victor Goldschmit an Willy Goergen) gesongen vun der Chorale municipale Sängerfreed den 8 Dezember 2019 zesummen mat dem estro armonico ënnert der Direktioun vum Nancy Back-Kelsen
Eng Opnaam aus eisem Archiv vu 1981
Plus jamais la guerre vum Jo Akepsimas mat Wieder vun eisem deemolegen Dirigent dem Jos Kinzé zu dem Wierk Paukenmesse vum Joseph Haydn dat eise Chouer am Dezember dest Joer um Programm vun der 100 Joer Feier huet. Wieder déi irgendwéi erëm passend sinn fir eis Situatioun vun elo.
Lëtzebuerger Owend vum 27.03.2020 an 28.03.2020 ANNULE
Wéinst der Ausbreedung vum Corona Virus huet d’Sängerfreed de Concert leider missen fir déi zwee Deeg ofsoen.
De Concert ass elo op den 06.03.2021 an den 07.03.2021 verluet.
Medizin nach Noten

Singen macht glücklich
Ob solo, unter der Dusche oder gemeinsam im Chor: Singen hebt die Laune und kann sogar heilsam wirken …
– Singen bringt Menschen zusammen
– Je mehr gesungen wird, desto besser
– Singen als Stresskiller
Warum wir mehr singen sollten (Apotheken Umschau)
Concert Jubilaire vum 8. Dezember 2019
Um Concert Jubilaire vum 8. Dezember 2019 ënner dem Numm « 100 Joer Sängerfreed » huet d’Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg an der Dekanatskierch zu Beetebuerg mat Wierker vu J.S. Bach an G.F. Händel a mat Chrëschtlidder e groussaartege musikaleschen Concert presentéiert.
Enner der Leedung vun der Dirigentin Nancy Back-Kelsen huet d’Chorale, begleet vun engem fantasteschen Orchester Estro Armonico, an mat Hëllef vun de Solisten Gaby Wolter-Boever, Manou Walesch an Jean-Paul Majerus, all eis Auditeure begeeschtert. D’Kierch war bis op de leschte Stull besat.




1 Block vun 20 Timberen fir eis 100 Joerfeier

1 Block vun 20 Timberen fir eis 100 Joerfeier kënnt Dir bei eis duerch eng Iwwerweisung vun 30€ an dem Vermierk Timbre + ären Numm op de Konto LU50 0020 0101 9625 7900 bei der BILLLULL bestellen.

Mass fir den Här Lucien Freis
D’Chorale Ste Cécile Beetebuerg ass gefrot ginn fir d’Mass zesumme mat der Chorale Sängerfreed ze sangen an déi ass mar Freideg den 30. August um 16.15 Auer zu Beetebuerg.
Fir ze prouwen treffe mir eis pünktlech um 15.30 Auer um Ducksall.
Freis Lucien
DE COMITE AN D’MEMBERE
VUN DER CHORALE MUNICIPALE
„SÄNGERFREED“ BETTEMBOURG
traueren ëm de
Lucien Freis
Mir soën dem Luss Merci fir séng Verdéngschter a fir säin Asaz fir eis Chorale.
De Freiden den 30 August sange mir ëm 16.15 zu Beetebuerg an der Kierch de Läichendéngscht fir eise verstuewene Kolleg.
Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.
Pütz-Jacobs Hélène
DE COMITE AN D’MEMBERE
VUN DER CHORALE MUNICIPALE
„SÄNGERFREED“ BETTEMBOURG
traueren ëm d‘
Hélène Pütz-Jacobs
Giedel vun eisem neie Fändel
Comitésmember vun 1972-1998
Mir soën dem Hélène Merci fir séng Verdéngschter
a fir säin Asaz fir eis Chorale.
Mir wäerten d‘Hélène ëmmer a beschter Erënnerung behalen. Senger Famill sprieche mir eist déifste Matgefill aus.
